Leserforum
Wee veräppelt hei ween?
An enger absoluter Rekordzäit huet de Ministère vum Enseignement supérieur et de la Recherche Konsequenzen a Risike vun engem Urteel vun der Cour administrative Rechnung gedroen. D’Geriicht hat festgehalen, datt den Term „Etudes supérieures“ net nëmme reng akademesch Formatiounen ëmfaasst, mee och professionell Formatiounen, wéi an dësem Fall déi vun engem Expert-Comptabel op enger Schwäizer Héichschoul. De Ministère hat refuséiert, wéi dat bis dohi Praxis war, dësen Titel an de „Registre des titres de formation, section de l’enseignement superieur“ anzedroen, well e just (sic) eng professionell Héichschoulformatioun sanctionéiere géif, déi net vun dem Schwäizer Héichschoulgesetz ofgedeckt ass.
Dës Diskriminatioun ass zënter Joerzéngte bekannt a besonnesch Titulairë vu franséischen Titelen/Diplomer hunn dem Minister seng restriktiv Interpretatioun ze spiere kritt. De Minister huet gemengt, d’Problematik, déi duerch d’Urteel entstanen ass, ze léisen, andeems en am Gesetz „Etudes supérieures“ mat dem Term „académiques“ komplettéiert huet.
Hätt de Ministère déi nämmlecht Energie op ee Gesetz ugewant, dat och ee Regëster vun alle professionellen Héichschouldiplomer virgesinn hätt, wär d’Diskriminatioun vun der Unerkennung vun den Diplomer/Titren, déi just professionell Héichschoul-Etuden sanktionéieren, längst geléist. Mee firwat sech midd maache fir e puer Heckefransousen, déi méi Geld wëllen. Déi puer kollateral Benodeelegunge vu
Lëtzebuerger Studente si Peanuts. Se ware gezwongen, an d’Ausland ze goen, well et zu Lëtzebuerger keng esou Studiegäng gouf. Tant pis. Zu Lëtzebuerg ass et – wéi praktesch – esou, datt souwuel akademesch wéi och professionell Héichschoulausbildungen vum selwechte Ministère iwwerwaacht ginn. Dat wor Argument genuch, fir Diskriminatiounen ze zementéieren.
Am Ausland ass et zum Beispill den Aarbechtsminister, dee fir déi professionell Héichschoul-Formatiounen zoustänneg ass. Am Regierungsprogramm steet, dass eng legal Basis fir d’Unerkennung vun de professionellen Héichschoul-Formatioune geschafen gëtt. Ma da lass an einfach nëmme maachen. Bis elo si lëtzebuergesch BTS-Diplomer och oder aner unerkannte Coursen, déi eng reng professionell Ausbildung sanctionéieren, an de Regëster vun den „Titres de formation section études supérieures“ agedroe ginn. Duerch den Zousaz „académique“ misst et domat mat deem Favoritismus a Protektionismus endgülteg eriwwer sinn. Den absolutten Héichpunkt vun der Ongerechtegkeet ass, datt duerch déi automatesch Unerkennung vun Diplomer/Titel aus de Benelux- a baltesche Staaten och hir reng professionell Héichschoul-Etuden unerkannt an automatesch an de Regëster agedroe ginn. Am „Exposé des motifs“ vum „Comité des ministres Benelux“ vun der Decisioun steet kloer an däitlech „relative à la reconnaissance mutuelle automatique générique“ (no Larousse, qui appartient au genre, à tout un genre, qui résume tout un genre: un titre générique) „des diplômes de l’enseignement supérieur“. Eng Recherche um Internet beweist, datt et zum Beispill an Holland zwou Zorte vun Bachelor gëtt, déi zwar gläichwäerteg sinn, wou déi eng awer akademesch Studien, an déi aner professionell Studien, sanktionéieren. Am Koalitiounsaccord steet: „En vue de revaloriser la formation professionnelle en général et de répondre aux besoins des entreprises, le Gouvernement créera, en concertation avec les chambres professionnelles, la base légale pour une formation professionnelle supérieure.“
A lass geet et … 2028 steet virun der Dier.