Leserforum

Den ëffentlechen Transport interesséieren d’Besoine vun den Escher Leit net

Den ëffentlechen Transport interesséieren d’Besoine vun den Escher Leit net

Wéi all Joer ginn am Wanter d’Fuerpläng vun Zuch, Tram a Bus geännert. Meeschtens sinn et néideg Upassungen. Mee et gëtt awer och „Upassungen“, déi kee Mënsch versteet, wéi zu Esch/Uelzecht de changéierten Horaire vun der TICE-Linn 7 (Esch/Gare - Belval). Net nëmme sinn d’Stroossesäiten, wou d’Busser fortfueren, changéiert ginn, mee och de Verlaf. Konnt ee fréier op d’Gemengeplaz fueren an zum Beispill op de Maart goen oder all 15 Minutte vun der Gare bei d’Spidol (CHEM) fueren an natierlech och den anere Wee, sou fiert d’Linn 7 elo zwar nach laanscht e Spidol, mee dat ass d’Clinique Ste Marie, déi säit 2021 keng Klinik méi ass, an och den Arrêt bei der Gemeng gëtt et net méi um Retour vun der Gare (D’Linn 7 huet elo Terminus zu Zolwer beim KUSS). Wann een elo an de CHEM wëll, da kann een d’Linn 641 am Hallef-Stonnen-Takt vun der Gare aus huelen. Den Haaptdeel vu Lalleng muss awer och op d’Linn 641 verzichten, well déi fiert vum Kierfecht Lalleng iwwer Monnerech op Beetebuerg.

Leider sinn dës Moossname mindestens 1.000 Schrëtt no hannen an enger Politik, déi d’Leit un den ëffentlechen Transport winne wëll. An d’Leit haten sech un dës Linn gewinnt an hu keen Auto gebraucht, fir op de Maart a virun allem an d’Spidol ze kommen. Mee dat ass net méi esou.

Ganz kuriéis schéint och d’Ausso vum Escher Buergermeeschter Christian Weis (Tageblatt-Artikel „TICE-Linie 7 sorgt für Diskussionen im Escher Gemeinderat“ vum 31. Januar), dee mengt, datt d’Gemeng dem CHEM keen Transport schëlleg ass! Do kann een nëmme staunen. Wat ass d’Gemeng dem CHEM da schëlleg a virun allem de Leit, déi do bei en Dokter musse goen? An ass den Här Weis net och President vum Conseil d’administration vum CHEM? Op jiddwer Fall ass dat eng komesch Astellung vun engem President a Buergermeeschter. Ausserdeem soll d’Gemeng dës Ännerunge vun der Linn 7 beim Ministère ugefrot hunn (och laut Tageblatt-Artikel). D’Politik wëll, datt d’Leit den ëffentlechen Transport benotzen, mee wéi et schéint net zu Esch!

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Systematischer Missbrauch des Adapto-Dienstes: Sicherheitsrisiken und Aggressivität gegenüber Fahrgästen

Leserforum

Nachhaltigkeit auf olympisch – viel versprochen, wenig gehalten?

Leserforum

Den ëffentlechen Transport interesséieren d’Besoine vun den Escher Leit net