Leserforum

Wéi et ka goen

Wéi et ka goen

Eng kleng Reflexioun zu Mercosur an hir Bedeitung fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft.

Wéi eis Schwéierindustrie, am Speziellen d’Arbed, am Süde richteg a Produktioun gaang ass, huet Lëtzebuerg en Zougang zu engem Hafe gebraucht. Engersäits fir Rostoffer an d’Land ze kréien an anerersäits de fäerdege Produkt an d’Welt ze verkafen.

Du si mir an eng Wirtschaftsunioun mat der Belsch gaangen, déi sougenannte BelgoLux, Virgänger vun der BeNeLux, déi dunn EG a schlussendlech EU gouf.

Doduerch hate mir dunn Zougang zum Antwerpener Hafen.

Am Géigenzuch huet d’Belsch verlaangt, dass d’gäertneresch Produktioun op Lëtzebuerg dierft geliwwert ginn. Virun allem a Flandern waren du scho méi grouss Betriber am Gaardebau, déi méi bëlleg konnte produzéieren.

D’Resultat dovunner war, dass z.B. vun de wäit iwwer 100 Geméisgäertnereie ronderëm d’Stad Lëtzebuerg an am Land, déi et deemools gouf, haut just nach eng existéiert.

1 Kommentare
DanV 22.01.202613:38 Uhr

Bonjour Här Kirsch,

E Familljennumm an enger laanger Gäertnertraditioun…

Et stellen sech zwou Froen:
1) Wéi war allgemeng de Liewensstandard vun de Geméisgäertner virun der Wirtschaftsunioun? Sinn se gudd iwwer d’Ronne komm oder hunn se misse kämpfen?
2) Sinn se faillite gaang oder hunn se missen opginn, well hir Kanner a méi lukrativ Beruffer ëmgestige sinn, z.B. an der Siderurgie?

D’Schicksaler ware bestëmmt verschidden. Mee ech kucken op meng Famill, déi sech als „Tagelöhner“ am Éislek verdéingt hunn (vläit bei engem Geméisbauer), an an de Minett geplënnert sinn, wéinst der Schwéierindustrie.

Et war huart mat ville Stonnen, mee si hunn sech eropgeschafft (als Geméishändler). Beim Bauer hätten se och vill an huart geschafft – ouni weider ze kommen.

Mer als Nokomme sinn dankbar fir déi Wirtschaftsunioun. A mer si frou an dankbar, dass eis Ur- a Grousselteren d’Geleeëenheet haten a genotzt hunn, fir sech erop ze schaffen. Viru Benelux haten si déi net.

Alles huet zwou Säiten

Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Systematischer Missbrauch des Adapto-Dienstes: Sicherheitsrisiken und Aggressivität gegenüber Fahrgästen

Leserforum

Nachhaltigkeit auf olympisch – viel versprochen, wenig gehalten?

Leserforum

Den ëffentlechen Transport interesséieren d’Besoine vun den Escher Leit net