Leserforum

De Sanktiounsdogmatismus vun de Gréngen

De Sanktiounsdogmatismus vun de Gréngen

„Well d’Sanktioune si jo net do, just fir en eegenen Interessi an en Equiliber ze bréngen, mee déi Sanktioune sinn do, well Russland en illegale Krich géint d’Ukrain lancéiert huet.“

– Sam Tanson

Dës Ausso mécht mech wierklech baff. Mee firwat wiele mir eng Regierung? Wuel och dofir, datt si Verantwortung fir Land a Bierger iwwerhëlt – an net bereet ass, hire Wuelstand an hir Zukunft enger Sanktiounspolitik ze afferen, där hir Konsequenze mir selwer bezuelen.

Am Fall Mikhail Fridman geet et net ëm Peanuts. De russesch-israelesche Geschäftsmann fuerdert vu Lëtzebuerg 16 Milliarden Dollar Schuedenersaz, well seng Verméigenswäerter hei agefruer goufen. Dat sinn ëm déi 14 Milliarden Euro – bal d’Hallschent vun de budgetéierte Staatsausgabe fir 2026.

Datt de Luc Frieden an de Xavier Bettel bei esou Zommen d’Interesse vu Lëtzebuerg am A behalen, ass net verwerflech, mee hir Aufgab.

Schonn am Abrëll 2024 krut de Fridman virum Geriicht vun der Europäescher Unioun recht. Seng deemoleg Sanktionéierung gouf fir e bestëmmten Zäitraum opgehuewen, well d’Begrënnung net duergehalen huet.

De Westen huet sech mëttlerweil zum Weltmeeschter am Sanktionéiere gemaach. Ëmmer méi séier gi Verméigen agefruer, Leit wirtschaftlech isoléiert an Eegentumsrechter ageschränkt – an dat mat enger Selbstverständlechkeet, déi engem ze denke gi muss.

Et kann een ëmmer nei europäesch Rechtsgrondlage schafen. Mee Legalitéit eleng mécht nach keng Legitimitéit. Wéi wäit däerf Politik goen, wa Mënschen opgrond vu politeschen oder wirtschaftleche Bezéiungen iwwer Joren net méi fräi iwwer hiert Eegentum verfüge kënnen?

Grad Lëtzebuerg misst hei virsiichteg sinn. Eis Finanzplaz lieft vu Vertrauen a Rechtssécherheet. Wien hei säi Geld uleet, muss sech drop verloosse kënnen, datt politesch Decisiounen net vun haut op muer bestëmmen, ob hien nach iwwer säi Verméige verfüge kann.

Europa an d’USA hu Sanktioune mëttlerweil bal zu engem normalen Instrument vun der Aussepolitik gemaach. Dobäi ass dës Haltung kee Weltkonsens. Am Juni 2025 hunn 116 Staaten an der UN-Generalversammlung fir eng Resolutioun géint unilateral Zwangsmoossname gestëmmt; nëmmen 51 waren dogéint, sechs hu sech enthalen.

D’Resolutioun huet net pauschal all westlech Sanktioun fir illegal erkläert. Mee d’Resultat weist: De Weste schwätzt scho laang net méi am Numm vun „der Welt“.

An trotzdem trëtt hien ëmmer méi dacks esou op, wéi wann hien d’Recht gepacht hätt, der Welt virzeschreiwen, wat richteg a wat falsch ass. Wie sech upasst, gehéiert dozou. Wie sech net upasst, gëtt bestrooft.

Sanktioune sinn am Weste längst kee lescht Mëttel méi. Si si bal zu engem politesche Reflex ginn. An dofir sollte mir eis endlech froen: Wien gëtt eis d’Recht, d’Welt ze erzéien – a wéi vill si mir bereet, dobäi selwer ze verléieren?

3 Kommentare
Grober J-P. 10.10.202615:44 Uhr

"fuerdert vu Lëtzebuerg 16 Milliarden Dollar Schuedenersaz," Wéi kënnt hien iwerhaapt op dee Chiffer?
Zënsen vun sengen 14 Milliarden, majo sot mer wou déi Bank ass, mat dem Taux, ginn iwermoar dohinn.

Grober J-P. 10.10.202613:29 Uhr

"Wéi wäit däerf Politik goen, wa Mënschen opgrond vu politeschen oder wirtschaftleche Bezéiungen iwwer Joren net méi fräi iwwer hiert Eegentum verfüge kënnen? "
Wéi wäit dierf een dann goen, wann dës "Mënschen" mat hirem "Eegentum" de Krich finanzéieren?
Wéi sol een déi erzéien, déi iwer Läiche ginn? Eng richteg Léisung vun Ärer Säit, Mme Jeanne.
Sot ons dat!

Luxmann 10.10.202612:15 Uhr

Guter leserbrief.
Inzwischen macht der wertewesten sich mit seinen sanktionen laecherlich.
Die EU schiesst sich hauptsaechlich auf Russland ein und glaubt sich berechtigt das vermoegen jedes russischen oligarchen konfiszieren zu duerfen,weil dieser logischerweise kontakte zu der regierung in Moskau pflegt oder in der vergangenheit pflegte ,ohne die seine geschaefte unmoeglich waeren.
Trump ist nicht weniger rabiat und nimmt laecherliche sanktionen gegen die richter des internationalen strafgerichtshofes in den Haag (sperrung deren kreditkarten usw.) weil sie es wagen seinen kumpel Netanyahu zu belaestigen.

Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Quand „l’espace Schengen“ devient gênant…!

Leserforum

Mr. Trump, please step down before the whole world steps down!